Kannerturnéier




UFÄNGER

INTERCLUB

KAMPFTURNEIER

vum

TAE KWON DO TEAM BIEKERECH

Wou : Biekerech an der Sportshall

Weini: 07.03.2015

Vun 09.00-16.00

Fir Kanner bis 14 Joer-bis 6Kup

Gratis Entrée

Fier Iessen an Gedrenks ass gesuergt

Fir weider info : tkd_beck@pt.lu


Mier freën eis erem een Ufänger Kannerkampfturnéier (Interclub) bei eis zu Biekerech ze organiséieren. Dëst soll keen Turnéier am klassesche Sënn sinn, mee de Spaass an de Fuerwetz fir emol ze Kämpfen ass ganz kloer Ziel.Mier wëllen och keng Gewënner duerno speziell präméieren mee all Kand kritt eng Erënnerung an een Diplom datt et den Courage haat fir matzemaachen.

-) Mir hun een professionellen Schiedriichter an elektronesch Scoreboards (keng Westen)
-) Co-Schiedsriichter sinn déi verschidden Trainer/Betreier an Responsabel aus all Club déi matmaachen
(w.e.g min 2 pro Club)
-) Komplett Schutzausrüstung ass Pflicht inklusiv Zahnschutz
-) Averständniserklärung vun den Elteren
-) Kapptreffer sinn net erlaabt
-) Gekämpft gëtt 2* 1.30 Minutten
-) Et ginn Poollëschten gemaach a Funktioun vun de Kanner déi matmaachen, dëst am Averständnis mat den Trainer aus all Veräin ( keng Wo)-all Kand soll 2 Kämpf kreien
-) Et gëtt 5€ Startgeld am viraus gefrot

Am Viraus iwwerweisen ob LU47 0019 3900 1598 3000 BCEELULLL

-) Fir Iessen an Gedrénks ass gesuergt

-) Limit 100 Kanner , déi eischt sin fir

-) Reklamatiounen ginn keng ugeholl J

 Mat kämpferesche a sportleche Gréiss
TKD Biekerech